Gëllent Kallef

  • 语种:法语
  • 发行时间:2017-10-16
  • 唱片公司:Roxcom
  • 类型:录音室专辑

简介

Et gouf héich Zäit. No Fluyd an dem Midlife Chris huet et ferm gebrodelt am Jeff Seyler senger kreativer Kichen. Et war e Verlaangen no knaschtegen Crossover Gittaren aus den 90er awer och no Old School Rap aus den Enn 80er Joren. Et war eng Gloscht op d'Experimentéieren mat der Uregkeet vun eiser Sprooch. Déi al Wuerzelen hunn erëm gekribbelt. D'Nostalgie huet gekëddelt. Déi néi Welt mat hiren Konflikter huet desillusionéiert. Aus där Mëschung ass dunn de Solo Projet der Däiwel entstanen. Eng musikalesch Rebellioun géint déi nei Plastikidoler déi eis alleguer wéi dat gëllent Kallef an de Bann zéien an doduerch verhënneren dat sech eppes ännert. An obwuel déi Wandmillengeschicht schon en alen Hutt ass, gouf et mol rem héich Zäit fir op en Iesel ze klammen. D'Resultat vun dëser perséinlecher Rees ass en musikaleschen Potpourri aus Rock, Hip Hop an Rap 'n' Roll.

[更多]
举报反馈播放器